MEET THE FAMILY



#WEARECFL ass den HR Blog vun der CFL. Eis Mataarbechter schwätzen iwwer hir Passiounen, hir Aarbecht a wéi et ass bei der CFL ze schaffen. 
Meet the family!

Zënter méi wéi 150 Joer ass d’Eisebunn en integralen Deel vum Land a vun der Lëtzebuerger Geschicht.


icon box image

Méi wéi 1.000 Passagéier a Gidderween Zich sinn all Dag op dem Lëtzebuerger Eisebunnsnetz ënnerwee.

icon box image

Pro Joer erreechen 25 Millioune Leit sécher hir Destinatioun.

icon box image

Eng Schlësselroll bei der Evolutioun vu Lëtzebuerg an der Groussregioun.

icon box image

E Grupp vun 4800 Mataarbechter.

icon box image

Eng Aarbechtskultur baséiert op Zesummenaarbecht a staark duerch d'Diversitéit vun hire Mataarbechter.

icon box image

Eng zolitt Ausbildung a Formatiounen, déi perséinlech, professionel an individuell op all Mataarbechter aginn.

DE GRUPP CFL,
E STAARKE PATRON FIR ENG STAARK CARRIERE




CFL, déi attraktiivste Entreprise am Joer 2019


EIS CLIENTEN. EIS PASSIOUN. MÄI BERUFF.

Fir de Grupp CFL ze schaffen heescht, zu der Entwécklung vum Land bäizedroen an all Dag Exzeptionelles ze lëschten. Zougang zu enger Villfalt vu Carrièreméiglechkeeten an enger Entreprise ze hunn, an der de Succès jidderengem gehéiert an déi d'Talenter vun all eenzele Mataarbechter wertschätzt.

START ÄR CARRIÈRE


Schüler a Studenten

Entdeckt eis Offeren


Jonk Diploméiert

Entdeckt eis Offeren



Mat Beruffserfarung

Entdeckt eis Offeren

EIS OFFEREN

GRUPP CFL


De Grupp CFL ass ee vun de fënnef gréissten Employeuren zu Lëtzebuerg. D’Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois, kuerz CFL, gouf am Joer 1946 duerch en Accord tëschent der lëtzebuerger, der franséischer an der belscher Regierung gegrënnt. Zu der Missioun vun der CFL gehéiert ë.a. den nationalen, grenziwwerschreidenden an internationalen Transport vu Persounen a Wuer (Fracht) via Schinnen a Strooss. D'Entreprise ass zoustänneg fir di Eisebunnsinfrastruktur zu Lëtzebuerg.