Vum éischten Dag u matten an der Praxis ! Dir hutt Är Schoul mat Erfolleg ofgeschloss? Da kann Är berufflech Zukunft ufänken.
Am Laf vun Ärer Ausbildung beim Grupp CFL profitéiert Dir vun enger zolitter Formatioun an engem reegelméissege Suivi. Dir kritt individuell Missioune bei deene mir Iech ëmmer kompetent ënnerstëtzen.
Dëst erlaabt Iech, Iech mat eisem Betrib vertraut ze maachen, eis Prozesser, verschidden Aktivitéiten an Déngschtleeschtungen kennenzeléieren, souwéi an Ärer Ausbildung weiderzekommen. Wärend Ärer Ausbildung gitt Dir direkt an déi alldeeglech Aarbecht an an déi lafend Projete mat agebonnen. Dir kritt Erfarung andeems Dir Spëtzentechnologie benotzt a mat moderne Prozesser schafft.
Mir bereeden Iech och zum Beschten op Ären Ofschlossexame vir. Dir hutt eis mat Ärer Motivatioun an Ärer Leeschtung iwwerzeegt? Da steet näischt enger Astellung an enger ureegender berufflecher Carrière beim Grupp CFL méi am Wee. Mat eisen Ausbildungen, déi dräi Joer daueren, stellt Dir d’Weiche fir Är berufflech Carrière.
Dann zéckt net fir Är Kandidatur vum Mäerz un eranzeschécken, fir déi nächst Sessioun déi am September ufänkt.







Äre Profil
Interesséiert un techneschen Themen, an der Schoul souwéi an Ärer Fräizäit, hutt Dir Loscht ze léieren an Eegeninitiativ ze weisen. Dir sidd Bastler an hutt e gutt Versteesdemech fir technesch Problemer. Dir hutt technesch Erausfuerderunge gär, fir déi een optimal Léisunge fanne muss. Dir schafft gär an engem Team, sidd zouverléisseg, motivéiert an Dir géift gär an Är laangfristeg Ausbildung investéieren.
Är Missioun
Dank Ärer Mechatronikerausbildung gitt Dir en Expert vu Maschinnen, Sécherheetssystemer an Installatiounen, déi gläichzäiteg mechanesch, elektronesch an informatesch Funktiounsfäegkeeten hunn.
An der Ausbildung léiert Dir:
Viraussetzungen
Dir sidd momentan op enger 5e G niveau globalement de base am Enseignement secondaire, déi Dir dëst Joer ofschléisst,
Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

Äre Profil
Interesséiert un techneschen Themen, an der Schoul souwéi an Ärer Fräizäit, hutt Dir Loscht ze léieren an Eegeninitiativ. Dir hutt technesch Erausfuerderunge gär. Wann Dir bastelt, fannt Dir dank Ärer Analyskapazitéit vun technesche Problemer ëmmer déi optimal Léisung.
Är Missioun
Dank Ärer Ausbildung als Mechatroniker « Poste de Signalisation » gitt Dir Expert vun Installatioune vu Sécherheetssignaler, deenen hiert Fonctionnement gläichzäiteg op der Elektrotechnik an der Mechanik berout.
An der Ausbildung léiert Dir:
Viraussetzungen
Dir sidd momentan op enger 5e G niveau globalement de base am Enseignement secondaire, déi Dir dëst Joer ofschléisst,
Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

Motivéiert, zouverléisseg, sidd Dir e richtegen Teamplayer a wëllt d‘Weiche fir Är berufflech Zukunft mat enger Léier stellen. Technesch Themen interesséieren Iech net nëmmen an der Schoul, mee och wärend Ärer Fräizäit. Dir hutt technesch Erausfuerderunge gär, wann Dir bastelt, fannt Dir ëmmer déi optimal Léisung dank Ärer Kapazitéit technesch Problemer ze analyséieren.
Är Missioun
Wärend Ärer Léier als Mechatroniker vu Kälte- a Klimatisatiounstechnike léiert Dir mat alle Klimatisatiounssystemer ze schaffen (Motrice, Waggon).
An der Ausbildung léiert Dir:
Viraussetzungen
Dir sidd momentan op enger 5e G niveau globalement de base am Enseignement secondaire, déi Dir dëst Joer ofschléisst,
Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

Äre Profil
Interesséiert u Reese säit Ärer Kandheet, wëllt Dir léieren an hutt e groussen Interessi um Tourismus. Dir hutt en exzellenten Sënn mat Clienten an fir Déngschtleeschtungen. Dir sidd talentéiert an der Organisatioun, an der Schoul wéi och wärend Ärer Fräizäit. Wéi e richtegen Teamplayer sidd Dir zouverléisseg, motivéiert a géingt Iech gär fir eng Ausbildung engagéieren.
Är Missioun
Dank Ärer Ausbildung als Agent de Voyage gitt Dir en Tourismusexpert, an ee vun den Agenten vum Reesbüro CFL Évasion.
An der Ausbildung léiert Dir:
Viraussetzungen
Dir sidd momentan op enger 5e G niveau globalement de base am Enseignement secondaire, déi Dir dëst Joer ofschléisst,
Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

Äre Profil
D’Logistikberuffer interesséieren Iech an Dir wëllt Iech an dësem Beräich orientéieren, dann ass de Poste fir eng Léier am Transport an an der Logistik genee dat richtegt fir Iech. Dir sidd virwëtzeg, gitt gutt mat Computeren eens, Dir sidd präzis a genau, pénktlech a schafft gär an enger Equipe. Dir gëtt gutt mat anere Leit eens, dir sidd villsäiteg an hutt e Sënn fir d’Kommunikatioun. Dës Qualitéiten an d’Loscht ze léieren erlaben Iech eng laang a strukturéiert Ausbildung an dësem séier wuessende Beräich ze packen.
Är Missioun
Dës Léier erlaabt Iech villfälteg Kompetenzen z’entwéckelen, déi op e ganz spezifeschen, technesche Beruff zentréiert sinn, deen operationnell Aktivitéite mat administrativer Responsabilitéite vermëscht :
Viraussetzungen
Fir dës Ausbildung maachen ze kënnen, musst Dir an enger DT Formatioun ageschriwwe sinn, déi an de Lycéeë vu Lalleng a Bouneweg ugebuede ginn.
D’Beherrsche vun der franséischer an däitscher Sprooch a Wuert a Schrëft ass noutwenneg; Englesch ass e wichtege Pluspunkt.

Äre Profil
D’Logistikberuffer interesséieren Iech an Dir wëllt Iech an dësem Beräich orientéieren, dann ass de Poste fir eng Léier an der Lagerlogistik déi Geleeënheet. Dir sidd virwëtzeg, gitt gutt mat Computeren eens, sidd präzis a pénktlech a schafft gär an der Equipe. Dës Qualitéiten an d’Loscht ze léieren, erlaben Iech eng laang a strukturéiert Ausbildung erfollegräich ofzeschléissen.
Är Missioun
Dës Léier erlaabt Iech villfälteg Kompetenzen z’entwéckelen, déi op e ganz spezifeschen an technesche Beruff zentréiert a mat manuellen Aktivitéiten an der administrativer Verwaltung vermëscht sinn:
Viraussetzungen
fir dës Léier maachen ze kënnen, musst Dir an enger Formatioun DAP ageschriwwe sinn, déi an de Lycéeë vu Lalleng a Bouneweg ugebuede ginn,
d‘Beherrsche vun der franséischer an der däitscher Sprooch a Wuert a Schrëft ass noutwenneg.