WAT EIS VERBËNNT

Zënter méi wéi 100 Joer ass d’CFL e feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Landschaft an der Lëtzebuerger Geschicht. 

Mat méi wéi 1.000 Passagéier- a Frachtzich, déi all Dag iwwer d’lëtzebuergescht Schinnennetz fueren, spillt d’CFL, haut méi wéi jee, eng wesentlech Roll an der Entwécklung vu Lëtzebuerg an der Groussregioun. 

Dank senge 4.800 Mataarbechter ass de Grupp fäeg ze garantéieren, datt méi wéi 25 Millioune Persounen all Joer sécher op hirem Zil ukommen. 

Zouverléissege Partner vu senge Clienten zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun bitt de Grupp CFL de Protagonisten aus der nationaler Wirtschaft an doriwwer eraus d’Totalitéit vu sengem Kënnen a senger logistescher Erfarung un.


Mir stützen eis op eng Geschicht gefëllt mat Erfarung fir d’Weiche vun der Zukunft ze stellen

Als zentralen an ökologesch verantwortlechen Akteur an de Beräicher vun der Mobilitéit an der Logistik axéiert d’CFL d’Totalitéit vun hiren Aktivitéiten op hir Clienten, hir Bedierfnesser an d’Qualitéit vun den ugebuedene Leeschtungen. Op dës Manéier bréngt de Grupp en enorme Bäitrag fir déi wirtschaftlech an ökologesch Entwécklungen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun.


Mir schaaffe Perspektiven

Mir hunn eis d’Zil gesat, de Grupp CFL mat Bléck op d’Zukunft weider ze entwéckelen, fir och an Zukunft kompetent a mat Begeeschterung fir eis Clienten ze schaffen a Léisunge fir d’Mobilitéit vu Muer entwéckelen ze kënnen. Dofir setze mir op eng zolidd Formatioun an eng kontinuéierlech individuell a professionell Weiderentwécklung vun eise Mataarbechter. Mir schaffen an Equippe fir zesummen Aufgaben ze léisen, an all Dag mat- a vuneneen ze léiere – an dat iwwer Generatiounen a Beruffer eraus. De Grupp CFL ass iwwerzeegt, datt seng Leeschtung an d’Qualitéit vu senge Servicer ganz enk mam Wuelbefanne vu senge Mataarbechter verbonne sinn. An dësem Sënn setzt sech de Grupp CFL fir déi individuell Bedierfnesser vu all eenzel Mataarbechter a senge verschiddene Liewens- a Karriärsetappen an.


Eis Clienten. Eis Passioun. Mäi Beruff.

  • 1000Passagéier- a Frachtzich
  • 4800Mataarbechter
  • 25Millioune Persounen