FAQ

  • Eis Websäit gëtt an Echtzeit aktualiséiert. Fir all Plazen, déi online ausgeschriwwe sinn, ass de Bewerbungsprozess nach aktiv. Zudeem gëtt an all Annonce eng Deadline geschriwwen déi de Bewerbungsschluss definéiert.
  • Dir fannt alleguer eis fräi Plazen ënnert der Rubrik “Konsultéiert eis Offeren”.Bäim Posten, den Iech am beschte gefält, kéint Dir op “Elo bewerben” drécken. Doropshin öffnet sech eis Bewerbungsformulaire, den Dir w.e.g. ausfëllt a mat zousätzlechen Dokumenter wéi ärem CV an eis Recruteure schéckt, andeems dir op “Fortschécken” klickt.
  • Mir recommandéieren Iech, eis eng spontan Kandidatur eranzeschécken, och wann den Ament keng fräi Plaz ausgeschriwwen ass, déi Ärer Sich entsprécht. An dësem Fall kennt Dir Iech direkt iwwert de Formulaire “Spontan Kandidatur” mëllen.
  • Jo, natierlech. Falls Dir eng Preferenz hutt, bidde mir Iech dëst an Ärer Kandidatur ze spezifiéieren.
  • D’Villfalt vun eise Mataarbechter ass eng vun eise gréisste Stäerkten. Eis Mataarbechter hunn befiert si beim Grupp CFL ufänken, scho vill Erfarung an de verschiddenste Beräicher gesammelt. Déi verschidde Liewensofleef bréngen eng Villfalt un Fäegkeeten an Erfarunge mat sech, souwéi Flexibilitéit, déi et eis erméiglecht, nei Iddien ze fërderen an eis un e kontinuéierlech sech ännernden Ëmfeld unzepassen, andeems mir eis adaptéieren. Dat maacht eis Aarbechtsëmfeld immens dynamesch.
  • Op Grond vun der grousser Unzuel u Kandidaturen, déi mir all Dag kréien, biede mir Iech Är Kandidatur elektronesch iwwert eis Websäit eranzeschécken. Dir kéint dat einfach a schnell iwwert de Bewerbungsformulaire bäi enger Annonce maachen  oder iwwert eis Formulaire vun der Spontan Kandidatur. Dëse Prozess garantéiert eng optimal Beaarbechtung a mir kënnen Är Kandidatur zu all Zäit zeréckverfollegen. Äre Liewenslaf soll Äert opgeschlossent Studium/Ausbildung, Är Leeschtungen an Är Beruffserfarung, souwéi all relevant Informatiounen iwwert Iech enthalen.
  • Dir musst mindestens folgend Dokumenter op Äre Profil eroplueden:
    • en detailléierten an aktuelle Liewenslaf,
    • eng Lettre de motivation,
    • eng Kopie vun Ären Diplomer, Schoul- oder Universitéitszensuren (falls zoutreffend),
    • eng Bescheinegung vun der Unerkennung vun Ären Diplomer oder Zensuren (falls zoutreffend),
    • eng Bestätegung vun der Inscriptioun am Lëtzebuergesche Register vun Ärem Diplom vun unerkannten Héichschoulofschloss (falls zoutreffend),
    • eng Kopie vun der Ofschlosszensur (inkl. Notten), falls Är Beruffserfarung manner wéi fënnef Joer ass,
    • eng Kopie vun den Notten/Credits/ECTS vun Ärem Studium, falls Är Beruffserfarung manner wéi fënnef Joer ass.
  • Bei der Receptioun vun Ärer Kandidatur kritt Dir automatesch eng elektronesch Empfangsbestätegung geschéckt. 
  • No der Receptioun vun Ärer Kandidatur fänkt d’Auswielverfueren un. Bei eis ginn et zwou Aarte vun Auswielverfueren, emol mat Concours an emol ouni.



  • No der Receptioun vun Ärer Kandidatur analyséieren eis Recruteuren Äre Profil an Är Dokumenter a leeden dës un de Service weider, déi nei Mataarbechter astelle well. Dëse Schrëtt braucht seng Zäit, mee wann Dir der Meenung sidd, datt nom Eraschécke vun Ärer Kandidatur schonn eng Zäit vergaangen ass, dann zéckt net eis eng Email ze schécken oder eis unzeruffe fir nozefroen. Eis Kontaktdate fannt dir ënnert der Rubrik “Kontakt”.
  • Am Laf vum Joer huelen eis Equippen u ville Foiren, Forumen an anere Rekrutementsevenementer deel. Mir fleegen eis Partnerschaften an organiséieren Evenementer mat verschiddene Verbänn wéi zum Beispill mat Lëtzebuergesche Studenteveräiner am Ausland. Mir organiséieren awer och CFL eegen Evenementer ewéi Visitte fir Studenten, Workshops fir d’Beruffsorientéierung an och Rekrutementsevenementer.

STAGE / STUDENTENJOB/VAKANZENJOB

  • Falls Dir eng Demande fir e Stage oder e Studentenjob/Vakanzenjob wëllt eraginn, kuckt w.e.g. als éischt, op Dir villäicht eppes Passendes ënnert eisen ausgeschriwwenen Annoncë fir Stagen/Studentenjobs/Vakanzenjobs fannt. Sollt dëst net de Fall sinn, dann zéckt net a fëllt eise Formulaire fir eng spontan Kandidatur aus.
  • No der Receptioun vun Ärer Kandidatur, kucke mir zesumme mam Service an deem Dir Äre Stage/Vakanzenjob/Studentenjob absolvéiere wëllt, op et méiglech ass, Iech wärend dem gewënschten Zäitraum z'encadréieren. Fir e Stage à long terme gitt Dir vun eis an e Virstellungsgespréich invitéiert.

AUSBILDUNG

  • Wann Dir Iech fir eng Ausbildungsplaz bewerbe wëllt, kuckt w.e.g. als éischt op Dir villäicht eppes Passendes ënnert eisen ausgeschriwwenen Annoncë fir Stagen/Studentenjobs/Vakanzenjobs fannt. Sollt dëst net de Fall sinn, dann zéckt net a fëllt eise Formulaire fir eng spontan Kandidatur aus.