FORMATIOUN A WÉIDERBILDUNG

Onboarding

Bei der CFL maache mir alles dofir, dass Dir Iech bei eis wëllkomm fillt, unhand vun enger personaliséierter Integratioun.

Dëst bedeit, datt mir mat Iech eis Kultur, eis Expertise an eise Knowhow deele fir Iech esou beschtméiglech op Är zukünfteg Aarbecht virzebereeden.

Mir bidden Iech vill verschidde Formatiounen un, déi et Iech méiglech maachen Är Kompetenze beschtens ze entwéckelen an esou Är Carrière erfollegräich beim Grupp CFL virunzebréngen.

Een erfollegräichen a personaliséierten Ëmfang


Bei der CFL si mir iwwerzeegt, datt et wichteg ass, datt mir Iech all Méiglechkeet gi fir Iech an Ärer Funktioun an eisem Betrib beschtméiglechst ze integréieren, andeems mir Iech vun Ufank un Wëllkomm heeschen an Iech all wichteg Informatiounen zur Verfügung stellen, déi Dir braucht fir äre Beruff erfollegräich auszeüben.


EIST ZIL:

Datt Är Integratioun reiwungslos ofleeft.

Entdeckung vum Aarbechtsëmfeld an der Diversitéit vun den Aktivitéiten vum Grupp CFL

Fir Iech ze hëllefen d’Häerzstéck vun den Aktivitéite vum Grupp CFL kennenzeléieren, bidde mir Iech vill Méiglechkeeten Experienz um Terrain ze gewannen an esou a Kontakt mat Mataarbechter vun de verschiddene Servicer opzehuelen. (Visitte vun de Sitten, technesch Ausbildungen, Beobachtungen...). E personaliséierte Programm gëtt Iech d’Méiglechkeet wichteg Kontakter ze knüpfen, an een Abléck op déi verschidde Beruffer an di domadder entstoenden Erausfuerderungen ze kréien an e Verständnis dovunner ze gewannen, wat vun Iech an Ärer neie Funktioun gefrot gëtt.

Onboarding Event

Reegelméisseg organiséiere mir en Onboarding Event, dat Iech erméiglecht néi Mataarbechter aus anere Servicer kennenzeléieren, Wëssen a Fachwëssen ze gewannen, sech mat Féierungskräften a Kollegen auszetauschen an Iech esou ee soziaalt Netzwierk am Betrib opzebauen.

Formatioun “on the job”

Dir gitt vun ärem Responsabel begleet a dobäi ënnerstëtzt, duerch strukturéiertes Erléiere vu Wëssen, eng Expertise opzeriichten. Wärend der Integratiounspériode fanne Personalgespréicher statt, déi Iech et erméiglechen Äre Fortschrëtt ze moossen an zu den Erwaardungen ee Feedback ze kréien.

D’Equipe vum Stages & Onboarding begleet Iech wärend dem kompletten Integratiounsprozess an ass Ären Uspriechpartner, wa Froen opkommen.

Perséinlech an berufflech Entwécklung

D’Fërderen an d’Entwécklung vun eise Mataarbechter si wesentlech Aspekter vun eiser Betribsphilosophie. Mir sinn dovun iwwerzeegt, datt eise laangfristegen Erfolleg op engem fokusséierten Engagement an op dem déifgrënnege Wësse vun eise Mataarbechter baséiert.

Eng ëmfaassend a konstant Wéiderbildung

Mir wëllen Iech Selbsterfëllung bei der Aarbecht offréieren an d’Qualitéit vun eisen Aktivitéiten als Grupp garantéieren. Dowéinst bidde mir Iech op all Träpplek vun Ärer Carrière verschidden Offere fir Wessensuneegenung a –verdeiwung un, virun allem zu berufflechen Sujeten ewéi och zu den Aspekter vun der perséinlecher Weiderentwécklung.

Eng intern Mobilitéit, fir Iech an Ärer Carrière weider ze brengen


De CFL Grupp fërdert d’intern Mobilitéit vun hire Mataarbechter, datt si hir Talenter an all erdenklecher Aart a Weis notze kennen. Soumat ginn Dieren op fir eng villverspriechend Carrière – an dëst mam Ausbléck op déi verschiddenste Beruffer. D’intern Mobilitéit vun eise Mataarbechter stellt ee wesentlecht Element vun der strategescher Ausriichtung vun der CFL Grupp duer. D’Villfalt un Carrièreméiglechkeete steet jidderengem oppen. Aus dësem Grond bidde mir all Mataarbechter d’Méiglechkeet, u Programmer Deel ze huelen, déi d‘berufflech Weiderentwécklung souwéi d’intern Mobilitéit fuerderen, déi op gemeinsame Prinzipie berouen.

Dës Programmer baséieren op enger individueller Begleedung an dem Dialog a ginn op enger Websäit, déi just fir d'Mataarbechter geschaaft gouf, publizéiert. Duerch d'Verëffentlechung vu fräien Aarbechtsplazen, kann een eng Kandidatur iwwert intern Mobilitéit erareechen.