GESCHICHT A SCHLËSSELDATEN

1857 - WÉI ALLES UGEFAANGEN HUET

Grënnung vun der « Société Royale Grand-Ducal des Chemins de fer Guillaume – Luxembourg »

1946 - LASS GEET ET MAT DER CFL

Grënnung vun der Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois (SNCFL)

1948-68 - MANNER ASS MÉI

Verkierze vum lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz vun ongeféier 500 km op 275 km

1951 - NET NËMMEN ZICH SI WICHTEG

Grënnung vum Service routier CFL mam Opstelle vun engem Autobuspark

1979 - START VUM SCHINNEWUEREVERKÉIER

Ëffnung vum Container-Terminal

1997 - DE FRACHTTRANSPORT GËTT ËMMER MÉI WICHTEG

Container Logistics Beetebuerg (CLB)

1997 - WUNNE MAT DER CFL

Grënnung vun der Entreprise CFL-Immo

1999 - VAKANZ MAACHE MAT DER CFL

Grënnung vun der Entreprise CFL-Evasion

2006 - WICHTEGEN ACTEUR VUM EISEBUNNWUEREVERKÉIER / SCHINNENWUEREVERKÉIER

Grënnung vun der Eisebunnsgesellschaft CFL-cargo am Kader vun der Liberaliséierung vun den europäeschen Eisebunnen

2015 - ZESUMME SI MIR STAARK

Zesummeleeë vun de Wuerenaktivitéite vun der CFL ënnert der Mark CFL Multimodal, eng Filial vum Grupp CFL, déi entwéckelt gouf fir ee vun den Haaptlogistikacteuren a Lëtzebuerg ze ginn

2017 - AUTO FUERE MAT DER CFL – CARSHARING

Grënnung vun der Entreprise CFL Mobility, déi Autolocatioun ubitt

2017 - DEN TERMINAL ASS DO

Ëffnung vum intermodalen Terminal

A mir sinn nach net um Ënn ukomm. All Dag, schreiwe mir eis Geschicht weider.