Mir bidde verschidde Schüler-/Studentenjobs u fir Iech z’erlaben Är perséinlech Projeten ze finanzéieren andeems Dir d’Aarbechtswelt kenneléiert.
Mir siche jonk, éiergäizeg, fläisseg a virun allem virwëtzeg Leit, déi d’Aarbechtswelt entdecke wëllen. Taucht mat eis an Är éischt berufflech Erfarung an a loosst eis Iech fir déi ofwiesslungsräich Welt vun der Eisebunn begeeschteren.
Je no Disponibilitéit a Besoins an de verschiddenen Zerwisser bidde mir Iech Studentenjobs fir eng Dauer vun zwee bis aacht Wochen d’Joer un.
Konditiounen: Dir hutt tëscht 15 a 27 Joer, sidd an enger Schoul oder op enger Universitéit ageschriwwen an Dir beherrscht déi franséisch an däitsch Sprooch. D‘Lëtzebuergesch Sprooch ass e Pluspunkt.
• Mechanik
• Elektrik
• Mechatronik
• Mechatronik-Kältetechnik
• Kommunikatioun
• Finanzen
• Informatik
• Personalwiesen