DE GRUPP

De Grupp CFL ass ee vun de fënnef gréisste Betriber zu Lëtzebuerg.

D’Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois, kuerz CFL, gouf am Joer 1946 tëscht der lëtzebuergescher, franséischer a belscher Regierung gegrënnt.

D’CFL gëtt vun engem Verwaltungsrot vu 15 Membere gefouert, un der Spëtzt de President M. Jeannot Waringo. De belsche Staat (4%) an de franséische Staat (2%), als Aktionnären, si mat engem entspriechende Member am Verwaltungsrot vertrueden. Déi alldeeglech Verwaltung vun der CFL ass engem Comité des Directeurs uvertraut, deen aktuell aus 6 Memberen zesummegesat ass ënnert der Autoritéit an der Responsabilitéit vum Generaldirekter M. Marc Wengler.

D’Missioun vun der CFL besteet aus dem nationalen, grenziwwerschreidenden an internationalen Transport vu Persounen a Wueren (Fracht) iwwer d’Schinnen an/oder iwwer d’Strooss. D’CFL ass och Verwalter vun der Eisebunnsinfrastruktur zu Lëtzebuerg.

De Geschäftssëtz vun der CFL ass zu Lëtzebuerg-Stad, 9 place de la gare, L-1616 Luxembourg.

Société Nationale des Chemins de Fer (CFL-Mammegesellschaft)

E bedeitenden Acteur an der Passagéiermobilitéit

Fir eng Dauer vu 15 Joer, vun 2009 bis 2024 ass de Grupp CFL op nationalem a grenziwwerschreidenden Niveau vertraglech mam Bedreiwe vum Passagéiertransport beoptraagt, op de Schinnen an op der Strooss. Dës Roll gouf hir am Kader vun engem Kontrakt fir den ëffentlechen Déngscht, dee mat der Lëtzebuerger Regierung am Joer 2009 ofgeschloss gouf, uvertraut. Am Laf vun de Joren huet d’Positioun vun der CFL sech als Réckgrat vun den nationalen ëffentleche Verkéiersmëttel no der Ënnerschrëft vun dësem Kontrakt fir den ëffentlechen Déngscht nach verstäerkt a bestätegt.

E grousst Kënnen an der Infrastrukturverwaltung

D’Eisebunnsinfrastrukture vum Lëtzebuerger Staat gi vun der CFL verwalt, op Basis vun engem Verwaltungskontrakt ofgeschloss fir eng Period vun 2009 bis 2024. Dës Missioun enthält net nëmmen d’Verkéiersverwaltung vum lëtzebuergesche Schinnennetz, mee och d’Aarbechten, déi mat der Maintenance, der Erneierung, der Modernisatioun an dem Ausbau vum existéierenden Eisebunnsnetz am Groussherzogtum verbonne sinn. Als Konsequenz op déi vill nei Infrastrukturprojeten, déi am Gaang si gebaut ze ginn, entwéckele sech d’Verantwortungsberäicher vum ëffentleche Betrib stänneg weider, wat en héijen Niveau u Kënnen erfuerdert.

De Lëtzebuerger Leader am Wuerentransport

De Wuerentransport stellt en drëtte Volet vun den Aktivitéite vum Grupp duer. D’Liberaliséierung vum Wuerentransport iwwer d’Schinnen am Joer 2007 war de Start fir d’Schafung vun engem neie Schlësselsecteur am Grupp. D’Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois engagéiert sech fir Leeschtunge vun héijer Qualitéit unzebidde fir déi logistesch Bedierfnesser vun alle Produktiounsketten ofdecken ze kënnen, déi Lëtzebuerg, seng wirtschaftlech Acteuren, d’europäesch Haapthäfen an industriell Zentren ënnert sech ufueren oder ubannen..

LES FILIALES DU GROUPE CFL




CFL-Immo, gegrënnt am Joer 1997 a Filial vun der CFL zu 99,67%, bekëmmert sech ëm d’Immobilieverwaltung am Beräich vun der lëtzebuerger Eisebunnsinfrastruktur an d’Immobilië vun der CFL.




Zënter 1999 beréit de Reesbüro, deen der Union Luxembourgeoise du Tourisme (ULT) ugehéiert, seng Clientë beim Plangen a bei der Reservatioun vun hire perséinleche Reesen, Gruppereesen oder berufflech Reesen, a bitt un de Lëtzebuerger Maart ugepasste Produkter un.




Zu 100% Filial vun der CFL, beschäftegt sech CFL Mobility mat der Entwécklung an der Kommerzialiséierung vum Carsharing um ganze Gebitt vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an doriwwer eraus.







NEG Niebüll GmbH, Filial vum Grupp CFL zënter 2004 a Besëtzer vu 45 Kilometer Eisebunnslinnen a Schleswig-Holstein, bekëmmert sech ëm de Betrib vun der Eisebunnsverbindung tëscht Niebüll an Dagebüll (Norddäitschland). Dës Roll gouf hir duerch e Kontrakt vum ëffentlechen Déngscht mam Bundesstaat Schleswig-Holstein am Joer 2013 uvertraut.








CFL multimodal, entstanen am Joer 1979, ass e wirtschaftlechen Haaptacteur an der Logistik am Groussherzogtum an huet am Ament fënnef Filialen: CFL intermodal, CFL logistics, CFL port services (an der Belsch), CFL site services a CFL terminals.

CFL multimodal a seng fënnef Filialë kombinéieren hir respektiv Aktivitéitsberäicher zesumme mat der Schwëstergesellschaft CFL cargo, a bidden Déngschtleeschtunge fir déi gesamt Logistiksketten.

Den Terminal zu Beetebuerg, deen ideal am Häerz vun Europa läit, erlaabt der Filial CFL multimodal, als zentraalt logistescht Dréikräiz, Handel op laanger Distanz zu den Haapthäfe vun Europa unzebidden.

CFL multimodal bitt e villsäitegen Zerwissportfolio un: den Intermodalen Transportwiesen op der Schinn an op der Strooss, Léisunge fir d’Schinn, d’Strooss, de Maritim- a Lofttransport, d’Lagerung, d’Verzollen asw.






CFL logistics, fréier bekannt ënnert dem Numm Lentz multimodal, ass eng Filial vu CFL multimodal a proposéiert Lagerzerwisser (och Killlagerung​),  Speditioun, Vertrib a Camionstransport an d'Verzolle vun de Wuere. D‘Lagerhale befanne sech zu Beetebuerg an um Logistik-Park Eurohub ​Sud zu Diddeleng.










CFL cargo, Filial vun der CFL zu 66,67%, gouf am Joer 2006 gegrënnt andeems d’Frachtaktivitéite vun der CFL an den Departement vum internen Transport vun de lëtzebuergesche Produktiounssitte vun Arcelor Mittal kombinéiert goufen.

An Zesummenaarbecht mat senge Filialen an Dänemark, an Däitschland, a Frankräich an a Schweden a mat senger Schwëstergesellschaft CFL multimodal ass CFL cargo mat den europäeschen Haapthäfen an Industriezentre verbonnen.

CFL cargo bitt seng Qualitéitszerwisser op europäeschem Niveau un: regional Verkéiersverbindungen, internationalen Transport op laang Distanz, regional Eisebunnsfracht, Rangéieren an d’Gestioun vun de Rangéiergare souwéi de Grousstransport.





CFL technics, fréier bekannt ënnert dem Numm Ateliers de Pétange, ass eng Filial vun CFL cargo. Staark vu senger ëmfangräicher Erfarung zënter 1869 verbënnt d’Gesellschaft Traditioun a modern Technologie fir datt CFL cargo souwéi och aneren externe Clienten Zerwisser vun exzellenter Qualitéit an der Reparatur an der Maintenance vun Eisebunnsfrachtwaggonen  ubidde kënnen. Am Januar 2015 huet CFL technics d’Kontroll vum Atelier vun de Lokomotive vu CFL cargo iwwerholl, andeems se hir Zerwissoffer sou entwéckelt huet, datt se d’Maintenance an d’Reparatur vun den hydrauleschen Diesellokomotive mat aschléisst.