INSTANDHALTUNG A VERWALTUNG VUN IMMOBILIEN

Chef de projet (m/w)

  • Als Projetsresponsabel am Immobiliëberäich, schafft Dir autonom a sidd zoustänneg fir de Projet bis zum Enn ze féieren. Ausserdeem sidd Dir fäeg parallel Opträg ze prioriséieren an ze organiséieren. Dank Ärer Grëndlechkeet, Ärem Verantwortungsbewosstsinn an Ärem Talent fir d’Organisatioun, iwwerzeegt Dir ëmmer är Clienten.

  • An eiser Division Développement Projets et Vente sidd Dir de Garant vun der Konzeptioun vun den Immobiliëprojeten, andeems Dir Är Kenntnes an Äert Wëssen zur Verfügung stellt:

    • Dir analyséiert an definéiert d’Bedierfnesser vum Proprietaire,

    • Dir schafft d’Gestioun vun den zukünftege Projete mat den APS Studien aus,

    • Dir erstellt a schreift Dokumenter bezüglech d’Projeten (Ausschreiwung vu Plazen, Presentatiounen, Flichtenhefter…),

    • Dir organiséiert a leet Aarbechtsreunioune mat eisen internen an externen Uspriechpartneren (Administratiounen, Ministèren, Ingenieursbüroen, asw.),

    • Dir sidd zoustänneg fir d’Koordinatioun an d’allgemengt Plange vum Projet. Dir definéiert d’Fristen an d’Ziler, déi z‘erreeche sinn a stellt déi noutwenneg Kontrollindikatoren op,

    • Dir kommunizéiert an informéiert wärend dem ganze Projet déi Responsabel iwwer de  Stand vun de Projeten,

    • Dir studéiert an analyséiert den Impakt vun dëse Projeten op déi aner Zerwisser vun der CFL,

    • Dir huelt deel um Opstelle souwéi och bei der Iwwerpréiwung vun de Prozeduren an de Methode betreffend der Verméigensverwaltung a setzt se an d’Praxis ëm.  

  • Dir hutt en Diplom als Architekt, en Universitéitsdiplom (Master oder Bachelor) am Bauwiesen, als Ingenieur-Techniker oder gläichwäerteg,

    Dir hutt Beruffserfarung an der Konstruktioun oder an engem Architektebüro,

    Dir konnt Är Expertise am Projektmanagement ënner Beweis stellen,

    Dir beherrscht Franséisch an Däitsch a Wuert a Schrëft. Lëtzebuergesch ass e Plus,

    Dir sidd EU-Staatsbierger.

Immobilienmanager (m/w)

  • Dir weist groussen Interessi un den administrativen, juristeschen (Immobilierecht), finanziellen an techneschen Aspekter vum Beruff, an hutt déi néideg Kompetenzen. Dir hutt exzellent Fäegkeete fir ze féieren a weist Eegeninitiativ. Dir iwwerzeegt duerch Är redaktionnell wéi och Är kommunikativ Fäegkeeten. Ausserdeem weist Dir exzellent Analysefäegkeete vir an hutt en Sënn fir Syntheesen a Verhandlungen.

  • • Dir sidd responsabel fir déi Verwaltung vum Immobiliëbesëtz vun der CFL, dorënner fällt d’Locatioun an d’technesch Gestioun,

    • Dir verlount Immobilien, verhandelt a schafft Kontrakter a Konzessiounen aus, souwéi d’Autorisatiounen an Dir maacht de Suivi vun de Locatiounen,

    • Dir assistéiert der Direktioun an der Entwécklung vun der Strategie vun der Immobilieverwaltung,

    • Dir leet, plangt a verwalt déi ganz Missioune vun der Divisioun, de Studien an d'Rapporten,

    • Dir assuréiert d’Koordinatioun, de Suivi an déi gutt Ausféierung vun den Aktivitéiten, den Encadrement an d’Formatioun vum Personal,

    • Dir drot zur Ausschaffung an zur Entwécklung vun de Projete bäi an assuréiert dobäi d’Optimiséierung an d’Qualitéit vun der Immobilieverwaltung a vum Service um Client,

    • Dir entwéckelt a fërdert d’Kommunikatioun op allen Niveauen,

    • Dir garantéiert d’Expertise um Immobiliëmaart,

    • Dir schafft Reglementer aus a schreift Notten betreffend d’Immobilieverwaltung,

    • Dir sidd responsabel fir d’Outilen an der Gestioun vun der Immobilieverwaltung

  • Dir hutt e Bachelor oder e Master an der Immobilieverwaltung oder gläichwäerteg,

    Dir hutt Beruffserfarung an enger Funktioun an der Immobilieverwaltung,

    Dir beherrscht perfekt Franséisch, Däitsch an Englesch a schwätzt fléissend Lëtzebuergesch,

    Dir sidd EU-Staatsbierger.