MAINTENANCE AN ZUCHTECHNIK

Mechaniker – Zuchwartung an -technik (m/w)

  • Dir schafft grëndlech an hutt en A fir den Detail. Dir sidd capabel pneumatesch an hydraulesch Schemaen z’interpretéieren. Dir sidd organiséiert a verantwortungsbewosst. Dir kënnt genau sou gutt autonom schaffe wéi an der Equipe. Dir sidd bereet a Schichten ze schaffen.

  • Dir spillt eng Schlësselroll bei der CFL, well Dir responsabel fir dee gudde Fonctionnement vun den Zich, de Sécherheetssystemer an aneren Installatiounen sidd. Sou maacht Dir d’mechanesch Maintenance an den Depannage vun den Eisebunnsgefierer oder den Installatiounen andeems Dir d’Maintenance- an d’Sécherheetsprozeduren anhaalt.

  • Dir hutt:

       • en Technicien Diplome an der allgemenger Mechanik (oder Fligermechanik),

       • en DAP (CATP) an enger Handwierksspezialitéit an engem elektreschen oder mechanesche Beräich (Schlässer, Elektroniker, Mechatroniker asw.).


    • Dir kënnt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch,

    • Dir hutt Basiskenntnisser an der Informatik,

    • Dir sidd EU-Staatsbierger. 

Mécanien Essieux (m/w)

  • Dir sidd capabel ganz autonom ze schaffen, séier eng Situatioun z’analyséieren an eng adequat Entscheedung ze treffen.

    Dir schafft gär an der Equipe.

    Dir sidd responsabel, flexibel a verfügbar fir op Schichten ze schaffen.

  • Dir kontrolléiert den Zoustand vun den Achsen: visuell (Ofnotzung, Deformatioun, Propretéit) a mat Hëllef vu Moossinstrumenter.

    Jee nom Resultat vun de Kontrollen definéiert Dir d’Operatiounen, déi auszeféiere sinn (einfacht Botzen, Ersetze vun ofgenotzten Achsen, Reparatioun op der Plaz oder d’Hierstelle vun engem neie Stéck am Atelier…).

    Dir demontéiert d’Achs(en), reparéiert se, ersetzt d’ofgenotzte Stécker oder ganz feelerhaft Eenheeten, a montéiert erëm no de Pläng an de Prozeduren.

    Dir féiert geplangt Entretiensaarbechten aus.

    Dir fëllt technesch Interventiounsfichen aus, déi erlaben e Maintenancedossier vun den Achsen z’erstellen an d’Gesamtheet vun den ausgefouerten Interventiounen erëmzefannen, an ënnerschreift se.

  • Dir hutt en DAP an der Mechanik,

    Dir beherrscht eng vun deenen dräi offizielle Landessproochen,

    D’Fuere vun engem Gabelstapler ass vu Virdeel.

Mechatroniker – Zuchwartung an -technik (m/w)

  • Dank Äre Kenntnisser an de Beräicher vun der Mechanik, der Elektronik an der Informatik hutt Dir e polyvalente Profil. Dir hutt technesch Erausfuerderunge gär, fir déi Dir eng passend Léisung fanne musst an hutt gutt analytesch Fäegkeeten. Dir sidd oppen a prett fir Iech liewenslaang weiderzebilden an ze perfektionéieren. Dir schafft gär an der Equipe.

  • Dir sidd den Expert vun de Sécherheetssystemer, den Installatiounen an de Maschinnen, déi aus mechaneschen, hydrauleschen, pneumateschen, elektreschen an elektroneschen Elementer bestinn. Dir identifizéiert Pannen a féiert d’Reparaturen aus, déi ufalen, duerch de Ersatz vun de feelerhafte Stécker. 

  • Dir hutt en DAP (CATP) Mechatroniker, 

    Dir kënnt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch,

    Dir sidd EU-Staatsbierger. 

Elektroniker / Elektriker – Zuchwartung an -technik (m/w)

  • Dir schafft grëndlech, passt op den Detail op an hutt gutt analytesch Fäegkeeten. Dir sidd capabel technesch Schemaen z’interpretéieren a verstitt séier komplex Systemer. Dir sidd flexibel a kënnt autonom souwéi och an der Equipe schaffen. Dir sidd bereet Schichten ze schaffen.

  • Dir spillt eng Schlësselroll am Eisebunnsbetrib, well Dir responsabel fir dat gutt Fonctionnéieren a fir d’Zouverlässegkeet vum CFL Material sidd. Dir maacht d’Entretiens-, d’Maintenance- an d’Depannagesaarbechten an d’Reparature vun den Zich andeems d’Qualitéitsprozeduren agehale ginn. Dir iwwerpréift den Zoustand vum elektreschen/elektronesche Material an detektéiert d’Problemer fir déi passend Léisungen ze fannen. Dir viséiert ëmmer d’Sécherheet vun de Passagéier a vum Personal.

  • Dir hutt : 

       • en Techniciensdiplom an der Elektrotechnik – section communication oder section énergie, 

       • en DAP (CATP) an engem vun de Beruffer vum Elektriker, Elektroniker  oder Mechatroniker.


    • Dir kënnt perfekt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch,

    • Dir hutt Basiskenntnisser an der Informatik. 

    • Dir sidd EU-Staatsbierger. 

Frigorist (m/w)

  • Dir hutt technesch Erausfuerderungen, fir déi een eng gutt Léisung fanne muss, gär. Dir sidd oppen a prett Iech liewenslaang weiderzebilden an ze perfektionéieren. Dir sidd grëndlech an hutt Eegeninitiativ. Ausserdeem schafft Dir gär an der Equipe.

  • Dir sidd den Expert fir den Ensembel vun de Klimatiséierungssystemer, fir déi Dir d’Maintenance, d’Revisioun, d’Transformatioun an d’Reparatur ausféiert. Dir detektéiert d’Problemer a bréngt déi richteg Léisungen andeems d’Reegele vun der Maintenance, der Sécherheet an der Ëmwelt agehale ginn. Dir viséiert ëmmer d’Sécherheet an de Komfort vun de Passagéier.

  • Dir hutt en DAP (CATP) am Beruff vum Installateur Frigoriste,

    Dir kënnt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch,

    Dir sidd EU-Staatsbierger.

Ingenieur an der Electrotechnique (Bachelor oder Master) (m/w)

  • Als Projet Manager am Elektresch-Ingenieurswiese weist Dir net nëmme grouss Begeeschterung fir Ären Aktivitéitssecteur, mee Dir beweist awer och Eegeninitiativ a Verantwortungbewosstsinn. Organisatiounsfäegkeeten, e gudden Zäitmanagement an d'huele vun Entscheedunge gehéieren zu Äre Stäerkten.

  • Aktiv a grëndlech, kontrolléiert Dir déi technesch Planung, wéi och d’Ausféiere vu elektrotechnesche Projete an eisem Maintenance-Center. Dir sidd responsabel fir d'Iwwerwaachung an d'Erhéijung vun der Zouverlässegkeet vun eise Maschinnen. Dobäi steigert Dir d'Disponibilitéit a reduzéiert d'Maintenancekäschte vum Material. Als Spezialist an Ärem Beräich, sidd Dir och d’Kontaktpersoun fir all elektrotechnesch Fro ze beäntweren a Dir sidd verantwortlech fir d’Kontroll a fir d’Anhale vun Terminer a Budgeten. Dir organiséiert, koordinéiert an empfänkt d'Aarbechten.

  • Dir hutt e Bachelor oder e Master am Ingenieurwiesen an der Elektrotechnik oder eng gläichwaerteg Ausbildung,

    Dir hutt idealerweis eng Beruffserfarung vu mindestens dräi Joer an de Beräicher vun der elektreschen Installatiounen (Ënnerspanung, Schwaachstroum) an/oder an der zentraliséierter technescher Gestioun,

    Dir kënnt Franséisch an Däitsch a Wuert a Schrëft. D’Kenntnes vum Lëtzebuergeschen ass e Plus,

    Dir sidd EU-Staatsbierger. 

Projektingenieur – Zuchwartung an -technik (m/w)

  • Dir sidd e richtege Fachmann am Ingenieurswiesen. Dir schafft net nëmme grëndlech, mee sidd och dynamesch a motivéiert, weist Eegeninitiativ op a sidd verantwortungsbewosst. Dir kënnt all Zort vu Problematik geréieren, hutt eng grouss Iwwerzeegungskraaft a sidd selbstbewosst.

  • Dir leet strategesch Projeten a koordinéiert interdisziplinär Projete vum Centre de Maintenance. Dir verfollegt a verwalt proaktiv d’Gesamtheet vun de Projeten (Suivi an Anhale vun de Fristen, Rapporten un d’Direktioun). Dir verbessert d’Methodologie vum Projetsmanagement. Dir geréiert d’Kommunikatioun an déi intern an extern Opwäertung vun de Projeten. Dir identifizéiert d’Bedierfnesser an d’Erwaardunge vun den internen an externe Clienten. 

  • Dir hutt e Bachelor oder Master am Bauingenieurswiesen, Elektrotechnik, Mechatronik oder gläichwäerteg,

    Dir hutt eng zolidd Erfarung am Projetsmanagement,

    Dir kënnt Franséisch an Däitsch, a Wuert a Schrëft, souwéi Lëtzebuergesch mëndlech,

    Dir kënnt mat MS Office ëmgoen, 

    Dir sidd EU-Staatsbierger.

Ingenieur Sécherheet an Ëmwelt – Zuchwartung an -technik (Bachelor oder Master) (m/w)

  • Dir sidd begeeschtert vun de Beräicher Sécherheet an Ëmwelt. Gewëssenhaftegkeet a Verantwortungsbewosstsinn sinn Är Stäerkten. Dir hutt organisationell, pedagogesch Fäegkeeten a kënnt gutt iwwerzeegen. Dir hutt souwuel schrëftlech als och mëndlech Kapassitéiten an der Kommunikatioun. Déi Lëtzebuergesch Gesetzgebung, explizit am Beräich vun der Sécherheet, der Aarbechtsgesondheet an der Ëmwelt, ass e Begrëff fir Iech.

  • Duerch är aktiv a grëndlech Manéier ze schaffen, drot Dir zum Reporting vun de Leeschtungen am Beräich vun der Sécherheet an der Ëmwelt bäi,

    • Dir garantéiert de Suivi vun den Aktiounen, initiéiert Projeten an drot zu de Projete bäi,

    • Dir entwéckelt a realiséiert Formatiounen an Dir berot an assistéiert d’Zerwisser.

  • Dir hutt e Bachelor oder e Master am Ingenieurswiesen,

    Dir hutt idealerweis eng Beruffserfarung vu mindestens dräi Joer am betraffene Beräich,

    Dir kënnt Franséisch an Däitsch a Wuert a Schrëft,

    Eng Formatioun als “travailleur désigné” wier e Plus,

    Lëtzebuergesch an Englesch si vu Virdeel, 

    Dir sidd EU-Staatsbierger.