MAINTENANCE AN INFRASTRUKTUR- AN TECHNIKSAARBECHTEN

Equipier (m/w)

  • Dir sidd flexibel a motivéiert, grëndlech an dynamesch, Dir weist Eegeninitiativ a sidd verantwortungsbewosst.

    Dir sidd interesséiert a kënnt lech nei technesch Kenntnisser séier uneegnen.

  • An Ärer Funktioun féiert Dir Entretiens- a Maintenanceaarbechten op den Eisebunnsschinnen, de Schinnenapparater an der Ëmgéigend aus. Dir erhaalt d’Weeër a féiert Beem- an Heckeschneitaarbechten aus. Dir huelt och aktiv un Opraumaarbechten an um Schnéi schëppen/Salz streeën op den Zougäng op de Garen an op de Quaien deel.


    Dir garantéiert :

       • d’Funktioun vum Responsabel vum Chantier,

       • d’Handhabung vun den Wartungsmaschinnen,

       • déi verschidden Astreinten.


    Nodeems Dir déi betreffend Formatioune gepackt hutt, iwwerhuelt Dir och Sécherheetsfunktiounen.

  • Dir hutt :

       • di allgemeng Schoulpflecht absolvéiert,

       • en CCP oder gläichwäerteg.


    • Dir hutt idealerweis eng éischt Beruffserfarung an Ärem Beräich,

    • Dir kënnt perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch,

    • Dir sidd EU-Staatsbierger.

Elektroniker / Elektriker Infrastruktur (m/w)

  • Dir sidd grëndlech, hutt en A fir Detailer a gutt analytesch Fäegkeeten. Dir sidd capabel technesch Schemaen z’interpretéieren a verstitt séier komplex Systemer. Dir kënnt esou gutt autonom schaffe wéi an der Equipe a sidd prett op Schichten ze schaffen. Dir hutt kee Problem mat Aarbechten an der Héicht.

  • Är Missiounen si ganz ofwiesslungsräich: Dir maacht Transformatiouns-, Entretiens-, Maintenance-, Depannage- a Reparaturaarbechten un de fixen elektreschen Installatiounen, bannen a baussen, an de CFL Gebaier an den Infrastrukturen. Dir iwwerpréift den Zoustand vum elektreschen/elektronesche Material an detektéiert d‘Problemer fir déi ugemiesse Léisungen ze fannen. Dir viséiert ëmmer d’Sécherheet vum Personal a vun de Passagéier.

  • Dir hutt : 

       • En Technicien Diplom an der Elektrotechnik – Section Communication oder Section Énergie,

       • en DAP (CATP) an engem vun de Beruffer Elektriker, Elektroniker oder Mechatroniker.


    • Dir kënnt perfekt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch,

    • Dir hutt Basiskenntnesser an der Informatik,

    • Dir sidd EU-Staatsbierger.

Technicien Signalisation (m/w)

  • Dir sidd engersäits autonom an Dir schafft aanerersäits och gär an der Equipe. Betreffend d’Sécherheetsthemen hutt Dir en ausgepräägte Sënn fir nei Erausfuerderungen unzegoen. Dir hutt Eegeninitiativ, sidd verantwortungsbewosst a flexibel.

  • An Ärer Roll sidd Dir verantwortlech fir sécher Verkéierskonditiounen. Als Garant vun der Excellenz ass d’Routine net fir Iech gemaach. Dir féiert den Entretien an d’Maintenance vun all den Equipementer vun den Eisebunnssignaler aus an drot zur Moderniséierung an zur Erneierung vun de Sécherheetsinstallatioune bäi.


    Dir realiséiert Aarbechten no elektresche Schemaen oder Uerdnungspläng :

       • Nei Installatiounen

       • Ännerunge vu Signalinstallatiounen


    Am Noutfall gräift Dir op d’Equipementer vun den Eisebunnssignaler zou. Dir respektéiert ëmmer d’Sécherheetsreegelen an d’Reglementatioun.

  • Dir hutt :

       • en Technicien Diplom , division électronique section énergie,

       • en DAP (CATP) als Elektriker / Elektroniker an der Energie / Mechatroniker.


    • Dir hutt idealerweis eng éischt Beruffserfarung an Ärem Beräich,

    • Dir kënnt perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch,

    • Dir sidd EU-Staatsbierger.

Technicien Télécommunication (m/w)

  • Dir sidd begeeschtert vun den Telekommunikatiounsmëttel. Dir sidd autonom a capabel an der Equipe ze schaffen. Dir hutt Eegeninitiativ, sidd verantwortungsbewosst a flexibel. 

  • Är Roll ass de gudde Funktionnement vun den Telekommunikatiounsinstallatiounen vun der CFL ze garantéieren, zum Beispill d’Informatiounsmëttel vun de Clienten an d’Apparater vun der Videoiwwerwaachung. Als Garant vun der Exzellenz ass d’Routine näischt fir Iech. Dir maacht den Entretien an d’Maintenance vun allen Telekommunikatiounsequippementer an drot zur Moderniséierung an zur Erneierung vun dësen Equipementer bäi.


    Ausserdeem féiert Dir Aarbechten no elektreschen Schemaen oder Uerdnungspläng aus:

       • Nei Installatiounen

       • Ännerunge vun Telekommunikatiounsinstallatiounen 


    Am Noutfall gräift Dir op d’Telekommunikatiounsequippementer zou. Dir respektéiert ëmmer d’Sécherheetsreegelen an d’Reglementatioun.

  • Dir hutt :

       • en Technicien Diplom, division électrotechnique section communication,

       • en DAP (CATP) am Beruff Elektriker oder Elektroniker an der Kommunikatioun.


    Dir hutt idealerweis eng éischt Beruffserfarung an Ärem Beräich,

    Dir kënnt perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch,

    Dir sidd EU-Staatsbierger.

Technicien Caténaires (m/f)

  • Dir sidd autonom a schafft awer och gär an der Equipe. 

    Dir hutt d‘manuell Aarbecht gär an hutt kee Problem an der Héicht ze schaffen.

    Dir hutt Eegeninitiativ, sidd verantwortungsbewosst a flexibel.

  • Dir ersetzt an/oder regléiert d’Uewerleitungen, d’Isolatoren an d’Spanseeler.


    Als Garant vun der Exzellenz sidd dir responsabel fir:

    • d’Iwwerwaachung,

    • den Entretien an d’Maintenance vun de Supporten an den Installatioune vun den Uewerleitungen,

    • d’Moderniséierung, d’Erstellen an d’Erneiere vun den Installatioune vun den Uewerleitungen.


    Dir maacht d’Ofwécklung vun de Kabelen a Leitungen, d’Verleeë vun den Armementer an d‘Operatioune fir d’elektresch Verbindung tëscht de verschiddenen Elementer vun der Uewerleitung.

  • Dir hutt en :

       • Technicien Diplom, division électronique section énergie,

       • DAP (CATP) am Beruff Elektriker oder Elektroniker an der Energie.


    • Dir hutt idealerweis eng éischt Beruffserfarung an Ärem Beräich,

    • Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch,

    • Dir sidd EU-Staatsbierger.

Assistant technique au chargé d'affaires en génie technique (m/w)

  • Engagéiert am Clientszerwiss vun der CFL weist Dir Interessi a kënnt nei spezifesch technesch Kenntnisser séier verënnerlechen.

    Är Aarbecht ass duerch Grëndlechkeet, Dynamismus a Motivatioun gekennzeechent an Dir beweist Eegeninitiativ a Verantwortungsbewosstsinn.


  • Dir maacht Bürosaarbechten a schafft mat CAD (Computer aided design).

    Dir sidd capabel Pläng opzestellen.

    Ausserdeem iwwerwaacht Dir d’Plangen an d’Organisatioun vun de verschiddene Phase vun de Projeten a Baustellen.

    Um Niveau vum technesche Support vun den operationellen Equippen plangt an organiséiert Dir d’Aarbechten a verwalt d’Material an d’Logistik. Dir sidd och verantwortlech fir d’Opstellen an d’Iwwerpréiwe vun den Opmoossen.

  • Dir hutt :

       • en Technicien Diplom, division électrotechnique oder génie civil,

       • en DAP/CATP spezialiséiert am Bauwesen.


    • Dir kënnt perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch,

    • Dir sidd EU-Staatsbierger.

Bauingenieur (Bachelor oder Master) (m/w)

  • Dir sidd e richtege Fachmann am Ingenieurswiesen. Am Zerwiss vun de Clienten vun der CFL hutt Dir en Interessi an eng séier Uneegnung un neie spezifeschen technesche Kenntnesser. 

    Grëndlech, dynamesch a motivéiert verfüügt Dir iwwer Eegeninitiativ a Verantwortungsbewosstsinn. Dir hutt gutt Kompetenzen am Beräich vun der Kommunikatioun, sidd sozial kompetent an hutt en einfache perséinleche Kontakt.  

  • Am Lëtzebuerger Eisebunnssystem sidd Dir fir d'Projektsécherheet verantwortlech. Dir entwéckelt a suivéiert d'Aarbecht an der Phase vun der Konzeptioun wéi och am Kontext vun der Realiséierung vum Projet.


    Am Kader vun de Projeten garantéiert Dir:

       • d’Sécherheet,

       • d‘technesch Rechnungslegung,

       • Zouverlässegkeet an Disponibilitéit,

       • Gesondheet a Ëmweltschutz.


    Zousätzlech, sidd Dir verantwortlech fir d'Kontroll a Confirmatioun vun Ärer eegener technescher Planung. Dir berécksiichtegt Plazen a Budgets vun de Projete souwuel wéi d'Organisatioun an d'Koordinatioun vun den Aarbechten. Dir sidd och responsabel fir d'Inbetriebsetzung an den Ëmfank vun den Aarbechten.

  • Dir hutt e Bachelor oder e Master am Bauingenieurswiesen,

    Dir hutt idealerweis eng éischt Beruffserfarung an engem Ingenieursbüro oder gläichwäerteg,

    Dir beherrscht déi franséisch an déi däitsch Sprooch, a Wuert a Schrëft, 

    D’Kenntnes vun der lëtzebuergescher Sprooch ass e Plus,

    Dir sidd EU-Staatsbierger.

Ingenieur Elektrotechnik (Bachelor oder Master) (m/w)

  • Als Projet Manager am Elektresch-Ingenieurswiese weist Dir net nëmme grouss Begeeschterung fir Ären Aktivitéitssecteur, mee Dir beweist awer och Eegeninitiativ a Verantwortungbewosstsinn. Organisatiounsfäegkeeten, e gudden Zäitmanagement an d'huele vun Entscheedunge gehéieren zu Äre Stäerkten.

  • Aktiv a grëndlech, kontrolléiert Dir déi technesch Planung, wéi och d’Ausféiere vu elektrotechnesche Projete an eisem Maintenance-Center. Dir sidd responsabel fir d'Iwwerwaachung an d'Erhéijung vun der Zouverlässegkeet vun eise Maschinnen. Dobäi steigert Dir d'Disponibilitéit a reduzéiert d'Maintenancekäschte vum Material. Als Spezialist an Ärem Beräich, sidd Dir och d’Kontaktpersoun fir all elektrotechnesch Fro ze beäntweren a Dir sidd verantwortlech fir d’Kontroll a fir d’Anhale vun Terminer a Budgeten. Dir organiséiert, koordinéiert an empfänkt d'Aarbechten.

  • Dir hutt e Bachelor oder e Master am Ingenieurwiesen an der Elektrotechnik oder eng gläichwaerteg Ausbildung,

    Dir hutt idealerweis eng Beruffserfarung vu mindestens dräi Joer an de Beräicher vun den elektreschen Installatiounen (Ënnerspanung, Schwaachstroum) an/oder an der zentraliséierter technescher Gestioun,

    Dir kënnt Franséisch an Däitsch a Wuert a Schrëft. D’Kenntnes vum Lëtzebuergeschen ass e Plus,

    Dir sidd EU-Staatsbierger.