LOGISTIK A FRACHTBERUFFER

Disponent Stroossentransport (m/w)

  • Dir schafft grëndlech an dynamesch. Dir weist eng grouss Begeeschterung fir Äre Beruff a bréngen Eegeninitiativ, Talent fir d’Organisatioun, Verantwortungsbewosstssinn a Kontaktfreed mat. 

    Dir sidd verfügbar a flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet a kënnt Astreintes iwwerhuelen.

    Mat enger Formatioun «logistique transport» an enger zolidd Erfarung op engem ähnleche Posten, sicht Dir eng nei Erausfuerderung an engem Secteur, deen a vollem Wuesstum ass.

  • Am Zentrum vun der Aktivitéit vum Transport op der Strooss plangt an optimiséiert Dir d’Tournéeë vum lokalen an internationale Verkéier.

    Dir informéiert d’Chauffeuren iwwer hir Tournéeën an Aussiicht.

    Dir plangt an iwwerwaacht d’Ofhuelopträg.

    Dir kontrolléiert d’Oplueden an déi optimal Notzung vun de Gefierer.

    Dir garantéiert den «Reporting» un de Client an un de Clientenzerwiss. 

  • Dir hutt en Diplom an der Gestion logistique (Bac +2),

    Dir hutt eng Beruffserfarung vu fënnef Joer op enger ähnlecher Funktioun a kennt d’Gesetzgebung vum Transport perfekt,

    Dir beherrscht eng vun den dräi offizielle Landessproochen.

Informatiker Transport-Management-System (m/w)

  • Dir hutt ausgeprägt Sozialkompetenzen an Dir sidd flexibel.

    Dir sidd dynamesch a capabel Reuniounen ze féieren an Aarbechtsgruppen z’animéieren.

    Dir gitt gutt mam Computer eens.

    Dir hutt gutt Basiskenntnisser an der Programméierung an Erfarung an der Parametréierung vun engem Transportation Management System, haaptsächlech fir den Transport op der Strooss.

  • Dir analyséiert d’Bedierfnesser a sidd responsable fir d’Koordinatioun mat den operationellen Uspriechpartneren.

    Dir huelt un der Beschreiwung vun de funktionelle Bedierfnesser deel éier de Flichtekatalog an/oder d’Parametréierungsheft opgesat gëtt.

    Dir realiséiert oder assistéiert bei der Ausféierung vun der Parametréierung vum System zesumme mat der betraffener Equipe.

    Dir koordinéiert an assistéiert d’Clienten an hir Mataarbechter bei der Benotzung vun de Systemer.

  • Dir hutt e Bachelor oder e Master an der Informatik oder eng gläichwäerteg Beruffserfarung,

    Dir hutt ganz gutt Kenntnesser vun der Liwwerketten, besonnesch vum Transport op der Strooss,

    Dir hutt eng bedeitend Erfarung an der Verwaltung/am Parametréiere vun engem Informatiounssystem (TMS Transport Management System, WMS Warehouse Management System…),

    Franséisch an Englesch ass erwënscht. Däitsch gëtt als Pluspunkt ugesinn.

Lagerist / Gabelstaplerfahrer (m/w)

  • Dir schafft organiséiert, uerdentlech a grëndlech, an haalt Iech un d’Sécherheetsreegelen. 

    Dir hutt eng gutt kierperlech Konditioun fir schwéier Aarbechten auszeféieren an engem Ëmfeld mat vill Kaméidi oder engem kaalen Aarbechtsraum.

  • Dir féiert d’Belueden an d’Ofluede vun de Camionen aus. 

    Dir zortéiert, scannt a stockéiert d’Wueren. Dir hëlleft och dem Chauffer bei der Kontroll a beim Opluede vun de Wueren. 

    Ausserdeem musst dir de Perimeter vun der Lagerung an dem Befërderungsmaterial respektéieren. 

  • Dir hutt en CATP oder DAP oder eng gläichwäerteg Beruffserfarung,

    Dir hutt eng Beruffserfarung vun zwee Joer an enger Lager-/Vertribsaktivitéit,

    Dir beherrscht eng vun den dräi offizielle Landessproochen, 

    Dir kënnt Gabelstapler fueren,

    Wënschenswäert wier eng initial Formatioun am kommerzielle Secteur fir sécher mat Scanning-Tools a Computeren ëmgoen ze kënnen.

Kranführer (m/w)

  • Dir sidd flexibel a schafft autonom. Matt engem gudde Sënn fir d’Organisatioun, schafft Dir gär an der Equipe an haalt Iech un d’Sécherheetsreegelen. Dir hutt eng gutt kierperlech Konditioun a kënnt gutt mat Stress ëmgoen.

    D’Mechanik ass Deel vun Ärem Alldag.

  • Mat Hebemaschinne féiert Dir d’Ëmlueden/Befërdere vun den Transport Unitéiten an de Semi-Remorquen vum/um Buedem, Camion, Waggon aus, andeems Dir Iech un d‘Aarbechts- a Sécherheetsprozeduren haalt. 

    Dir inspizéiert a kontrolléiert den Zoustand vun de Maschinnen a féiert allgemeng Entretiensaarbechten aus (Fetten, Botzen a Kontrolléiere vun allen Niveauen).

    Dir maacht de Relevé vun de Gleiser an d’Kontroll vun den Zich, wann se ukommen a fortfueren.

  • Dir hutt en CATP oder DAP oder eng gläichwäerteg Beruffserfarung vun zwee Joer,

    Dir hutt eng Ermächtegung fir Manutentiounsmaschinne fueren ze dierfen an en SPL Permis,

    Ausserdeem hutt Dir eng gutt Basis an der Informatik,

    Dir kënnt eng vun den dräi offizielle Landessproochen.

Opérateur Gate (m/w)

  • Mat ärer Polyvalenz a Flexibilitéit sidd Dir stressresistent a behaalt a schwéier Situatiounen ëmmer e kale Kapp. Dank Ärem Talent fir Kommunikatioun sidd Dir gär am Kontakt mat Clienten a schafft gären am Team. Dir sidd disponibel fir op Schichten 3x8 a 7/7 (Feierdeeg abegraff) ze schaffen. Dir wëllt eng Erausfuerderung an engem Sektor, deen a vollem Wuesstum ass.

  • Dir verwalt all Agäng an Ausgäng an der Entréesgate. Dir ëmpfänkt, informéiert a begleet d’Besicher op déi richteg Plaz. An der Tëschenzäit stitt Dir a permanenter Verbindung mat de Kranführer an den Disponenten. Dir garantéiert d’Videoiwwerwaachung souwéi d’Feierwaach um Standuert. Ausserdeem stellt Dir och d’Kommunikatiounsverbindunge mat deenen anere Gates a Disponenten op.

  • Dir hutt en CATP / DAP,

    Dir hutt eng Beruffserfarung vun zwee bis fënnef Joer am Sécherheetsberäich an/oder der Logistik,

    Dir schafft mat MS Office (Excel, Word, Outlook),

    Dir schwätzt fléissend Franséisch an Englesch, all aner Sprooch ass e wichtege Pluspunkt.

Opérateur Plateforme (m/w)

  • Polyvalent a flexibel mat engem ausgepräägten Teamgeescht sidd Dir disponibel a flexibel fir op Schichten (3x8 et 7/7 (Feierdeeg abegraff)) souwéi dobaussen ze schaffen. 
Dir wëllt eng nei Erausfuerderung an engem Secteur, deen a vollem Wuesstum ass.

  • Dir empfänkt d’Camionen a kontrolléiert dëse souwéi hir Fracht beim Ukommen. Dir beluet a luet d'Camionen of a kontrolléiert se och beim Fortfueren. Ausserdeem plangt a steiert Dir d’Semi-Remorquen mat Hëllef vum Informatiksystem. Zu den Aufgaben gehéieren och Kontrollronnen an der Nuecht souwéi d’visuell Inspektioun a d’Kontrolléiere vun den Apparaten. Zousätzlech musse geleefeg Entretiensaarbechte gemaach gi wéi fetten, botzen an Niveauen iwwerpréiwen.

  • Dir hutt zwee Joer Beruffserfarung an idealerweis eng gutt Kenntnes vum Transport / besonnesch dem intermodalen Transport,

    Dir hutt e Führerschäi vum Camion Kategorie C, d’Kategorie CE ass e Plus,

    Dir schwätzt fléissend Franséisch.

Responsable Entrepôt (m/w)

  • Duerch Är Polyvalenz an Är Grëndlechkeet, schafft Dir gär autonom a passt Iech liicht un all Situatioun un. Dir hutt en gudde Kontakt mat de Clienten a sidd fäeg eng Equipe ze leeden.

  • Dir garantéiert a kontrolléiert de gudden Oflaf vun den Aktivitéiten an engem grousse Lager. Ausserdeem organiséiert a garantéiert Dir déi allgemeng Koordinatioun vun der Lageraktivitéit mat de verschiddene Responsabele vun de Servicer. Dir iwwerwaacht d’Plange vum Betrib andeems d’Qualitéit/Käschten/Fristen optiméiert ginn. Dir garantéiert eng technesch Waach a wäert déi organisatoresch an technesch Verbesserungsméiglechkeeten aus. Duerno follegt di Ëmsetzung vun undauernde Verbesserungspläng. Dobäi halt Dir d’Prozedure vum SMQSE (Système de Management Qualité Sécurité Environnement) an a respektéiert déi intern Reegele vun der Sécherheet an Ëmwelt.

  • Dir hutt en Master an der Logistik (Bac+5) an/oder hutt eng zolidd Beruffserfarung (+ 10 Joer) op engem Verantwortungsposten am Secteur vun der Lagerung op operationellem Niveau mat gudde Kenntnesser an der Gestioun vum Stock an engem grousse Lager mat méi Aktivitéiten,

    Dir kënnt autonom schaffen a sidd disponibel fir zu flexiblen Aarbechtszäiten ze schaffen.