CLIENTSZERWISS

Agent de guichet (m/w)

  • Dir hutt eng exzellent Presentatioun a sidd clientsorientéiert. Dir sidd ëmmer frëndlech a bleift an all Situatioun roueg, och a Stresssituatiounen. Dank Ärer Autonomie an Ärer Flexibilitéit kënnt Dir Iech einfach an eng Equipe integréieren an Iech un all Situatioun upassen. Déi onregelméisseg Aarbechtsstonnen, samschdes, sonndes an d’Feierdeeg stelle fir lech kee Problem duer.

  • Ofwiesslungsräich an usprochsvoll Missioune ginn Iech uvertraut, wärenddeem d’Qualitéit vum Clientszerwiss garantéiert gëtt:


    Dir garantéiert den Empfang, d’Orientéieren, d’Informéiere vun de Clienten, souwéi de Verkaf vu Billjeeë fir den nationalen an internationale Verkéier. Bei der Clientèle vertriet Dir d’Mark CFL. Dir huelt un der Verbesserung vum Qualitéitszerwiss deel.

  • Dir hutt :

       • e Brevet als technicien de la division administrative et commercial,

       • e Diplom des klassischen oder allgemeinen Sekundarunterrichts (1C / 1G)

       • en Techniker-Diplom (CATP/DAP)

       • en auslänneschen Diplom, dee vum lëtzebuergesche Ministère als gläichwäerteg unerkannt ass,


    • Dir hutt idealerweis eng éischt Beruffserfarung als Receptionnist, Reesender, Agent an engem Callcenter, Marktforscher, Guichetier ,…

    • Dir beherrscht déi franséisch, däitsch, englesch a lëtzebuergesch Sprooch,

    • Dir sidd EU-Staatsbierger.

Zuchbegleeder (m/w)

  • Dir sidd gär am Kontakt mat de Leit an schafft gär am Zerwiss vum Client. D‘Bürosaarbecht ass näischt fir Iech, well Dir Iech gär beweegt a reest. Dir schafft gär autonom a mat Verantwortung vis-à-vis vun de Clienten. Dir beherrscht Stresssituatiounen a sidd bereet zu onreegelméissegen Aarbechtsstonnen ze schaffen.

  • Ofwiesslungsräich an usprochsvoll Missioune ginn Iech uvertraut. Dir sidd Garant vun eisem Clientszerwiss vun der Qualitéit, andeems Dir d’technesch Norme a Sécherheetsvirschrëften anhaalt a respektéiert.

    An den Zich garantéiert Dir den Empfang vun de Clienten a sidd zoustänneg fir hir Sécherheet. Dir passt op, datt d’Rees gutt verleeft a suergt fir de Confort vun de Clienten. Dir drot zur Pénktlechkeet vun den Zich bäi an Dir vertriet d’Bild vun der CFL bei der Clientèle.

    Op kommerziellem Niveau sidd Dir verantwortlech fir Billjeeskontrollen duerchzeféieren an Tarifverstéiss ze geréieren.

    Dir iwwerpréift technesch Elementer wéi d’Funktionéiere vun de Bremsen an datt d’Diere richteg zou ginn.

  • Dir hutt:

       • di 3. Klasse vum Enseignement classique (3C) ofgeschloss

       • di 3. Klasse vum Enseignement générale (3G) ofgeschloss

       • di 3. Klasse vun der Berufsausbildung zum Diplôme de technicien (3T) ofgeschloss

       • en DAP/CATP mat enger Spezialitéit mat Preferenz am kommerzielle Beräich.


    • Dir hutt idealerweis schonn eng éischt Beruffserfarung am Beräich vum Clientszerwiss, dem Verkaf oder eng gläichwäerteg Experienz,

    • Dir hutt e B-Führerschäin an Dir beherrscht déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch,

    • Dir sidd EU-Staatsbierger.

Vertriebsingenieur (m/w)

  • Dir hutt héich Sozialkompetenzen an iwwerzeegt mat analyteschen a kreative Fähegkeete an Ärem Sënn fir Verhandlungen. Dir sidd gewinnt an enger Equipe a flexibel ze schaffen. 

  • D’Bedierfnesser vun de Clienten analyséieren a logistesch an Transportléisungen als Modell duerstellen,

    D‘Verwalten, d‘Strukturéieren an d‘Organiséiere vu Projeten,

    Fachiwwergräifend Leede vu Projete fir d’Ausféiere vu logistesche Léisungen,

    Offeren opbauen (Ausschreiwunge mat verschiddenen Ubidder, Liwwerantesourcing),

    Opbauen, formaliséieren an ëmsetze vun engem Account Business Plan, intern a beim Client.

  • En Diplom am Ingenieurswiese mat enger Spezialiséierung an der Logistik (Bac+4) hunn, esou wéi eng Beruffserfarung vun dräi bis fënnef Joer an der Logistik,

    Kenntnis vum Eisebunnsberäich/ intermodale Beräich gëtt als Virdeel ugesinn,

    Dir beherrscht perfekt déi englesch, franséisch, däitsch Sprooch, Lëtzebuergesch ass e Pluspunkt.