SCHOULSTAGE / SCHNUPPERSTAGE

Dir sidd Schüler an op der Sich no engem Stage am Kader vun Äre Studie, déi vun Ärem Lycée virgesi sinn ? Dir wëllt e Beruff entdecken, deen Iech interesséiert, an Dir wëllt Äre potentiellen zukünftege Patron kenneléieren?


Mat engem Schnupperstage bei der Grupp CFL kënnt Dir eng éischt Erfarung an Ärem Dramberuff maachen.

Wärend Ärem Stage an eisem Betrib kritt Dir eng éischt praktesch Erfarung an Dir léiert eise Betrib mat all senge spannenden Aktivitéite kennen. 


De ganze Stage iwwer gëtt Dir vun engem Tuteur begleet.

Mir bidden Iech Stageméiglechkeete vun eng bis aacht Wochen an engem vu folgende Beräicher:

  • • Mechanik
  • • Elektrik
  • • Mechatronik
  • • Mechatronik-Kältetechnik 
  • • Administrativ Funktiounen (Kommunikatioun, Finanzen, Informatik, Personalwiesen)

UNIVERSITÉITSSTAGE

Stage preparatoire zum Zoutrëtt zum Studium

Dir sidd nëmmen e puer Schrëtt vum Ufank vun Ären Universitéitsstudien ewech, awer et feelt Iech just nach ee Schlësselelement: de Stage preparatoire. 

Fir d’Aschreiwung op villen Universitéiten an Héichschoulen ass esou e Stage obligatoresch. D‘Studenten, déi hir Studien a Beräicher vum Ingenieurwiesen, vum Machinnebau, vun der Elektrotechnik oder vum Wirtschaftsingenieurswiesen absolvéiere wëllen, kënnen dëse Stage beim Grupp CFL maachen. D‘Dauer vum Stage preparatoire ass gewéinlech tëscht sechs an aacht Wochen, ofhängeg vun der Universitéit an dem Studieprogramm, deen Dir gewielt hutt.

Universitéitsstage (obligatoresch oder fräiwëlleg)

Wärend engem Universitéitsstage beim Grupp CFL hutt Dir d’Geleeënheet, alles wat Dir am Kader vun Äre Studie geléiert hutt, an d’Praxis ëmzesetzen.

Wärend Ärem Stage bei der CFL gitt Dir vun engem Tuteur betreit, dee sech drëm këmmert, datt Dir säi Beruff an nach vill aner Aktivitéite vum Grupp CFL entdeckt. Dir maacht Äre Stage mat deeglecher Ënnerstëtzung an an engem Vertrauensklima, an deem Dir Responsabilitéiten iwwerhuele kéint.

Ofschlossaarbecht vum Projet oder vum Enn vun de Studien

Dir hutt d’Theorie geléiert a mir bidden Iech d’Praxis. 

Ob Dir mat enger Bachelor oder Master Thes lassleet, – mir begleeden Iech individuell wärend der Definitioun vum Thema vun Ärer Ofschlossaarbecht. 

Beim Grupp CFL léiert Dir Experten a ville spezialiséierte Beräicher kennen souwéi Esou kritt Dir villfäteg, spannend an innovativ Sujeten fir Är Ofschlossaarbecht um Enn vun Äre Studien.


Mir bidden Iech Méiglechkeeten a folgende Beräicher:



INGENIEURSWIESEN

• Maschinnebau

• Elektrotechnik

• Bauingenieurwiesen


INFORMATIK

KOMMUNIKATIOUN

FINANZEN

PERSONALWIESEN

Viraussetzunge fir e Stage maachen ze kënnen:

• Dir sidd op enger Universitéit oder enger Héichschoul ageschriwwen

• Dir sidd en EU-Bierger

• Dir beherrscht Franséisch an Däitsch

• Dir hutt gutt Resultater am Kader vun Äre Studien erreecht

• Dir sidd kreativ a begeeschtert

• Dir weist Initiativ an Engagement

• Dir hutt Kommunikatioun an Teamgeescht gär 

• Dir sidd un engem Stage vun dräi bis sechs Méint interesséiert

Interesséiert?