OP DER STROOSS

Buschauffer (m/w)

  • Duerch Är Kommunikatiounsfäegkeete sidd Dir gär am Kontakt mat Clienten an zeechnet lech durch Geschäftssënn aus. Sécherheetsreegele si fir Iech eng Prioritéit an Dir iwwerhuelt gär d’Verantwortung vis-à-vis vun Äre Clienten. Ausserdeem schafft Dir gär autonom a sidd Iech bewosst, dat e gefleegt Erscheinungsbild onverzichtbar ass fir d’Markebild vun der CFL ze vermëttelen. Zu onreegelméissegen Aarbechtszäiten ze schaffen ass fir lech kee Problem.

  • Dir garantéiert den Transport vun de Clienten a voller Sécherheet, andeems Dir d’Zäitpläng respektéiert an op de Komfort u Bord vun Ärem Gefier oppasst. Ausserdeem verkaaft a kontrolléiert Dir Billjeeën. Dir stitt de Clienten zur Verfügung fir Informatiounen iwwer Haltestellen a Korrespondenzen. Dir hëlleft och Leit mat ageschränkter Mobilitéit bei hiren Deplacementer a passt beim Eran- an Erausklammen op den Haltestellen op d’Clienten op. Dir garantéiert d’Sécherheet vun eise Clienten andeems Dir Iech streng un d’Reegele vum Code de la Route haalt an andeems Dir d’Konformitéit vun de Sécherheetsnorme vun Ärem Gefier anhaalt.

  • Dir hutt di allgemeng Schoulpflecht absolvéiert a hutt e Führerschäin an der Kategorie B an D,

    Dir hutt eng initial Qualifikatioun/Weiderbildung als Beruffschauffer (code 95) gepackt,

    Dir sidd net faarweblann oder hutt kee Problemer mam Gehéier,

    Dir kënnt Lëtzebuergesch, Däitsch, a Franséisch a sidd EU-Staatsbierger.

Camionsschauffer (m/w)

  • Duerch Är Flexibilitéit an Är Eegestännegkeet hutt Dir e richtegen Talent fir d’Organisatioun. Dir hutt e gudde Sënn fir interpersonell Bezéiungen a passt ëmmer op d’Sécherheetsreegelen op.

    Ausserdeem, hutt Dir gutt Kenntnesser vum Wuerentransport a vum Transport vu geféierleche Stoffer a besëtzt en Führerschäi Kategorie CE.

  • Dir sidd verantwortlech fir den Transport vun eise Containere vun a bei eise Clienten andeems Dir d’Instruktioune vum Disponenten befollegt. Dobäi, identifizéiert Dir d’Streck no de Charakteristike vum Gefier, no der Luedung an de Liwwerprioritéiten.

    Ausserdeem, huelt  Dir d’Wueren of, féiert se, liwwert se a kontrolléiert d’Konformitéit mam Client.

  • Dir hutt en CATP oder DAP an eng FIMO Formatioun,

    D’Formatioun «Groupe Frigorifique» an «ADR» (Accord pour le transport des marchandises dangereuses par la route) gi fir verschidde vun eisen Aktivitéiten erwaart,

    Dir hutt eng Erfarung vu fënnef Joer op enger gläichwäerteger Positioun a beherrscht den Transport op der Strooss,

    Dir beherrscht eng vun den dräi offizielle Landessproochen,

    Dir sidd gutt organiséiert a  kommunikativ.